#ReciPeace

Loosst eis eis Kulturen deelen fir eis Séilen ze ernären!

Wat sinn Är Liiblings Platen?

Assoziéiert Dir perséinlech Geschichten oder Erënnerungen mat hinnen?

Schéckt eis Är Rezepter an hir Geschichten bis den 1. Mäerz 2024

op folgend Adress: egalite@mamer.lu

oder iwwer DÉI LINK .

D’Gemeng Mamer bedeelegt sech um Projet ReciPeace . Dëse Projet soll kulturell Diversitéit duerch kulinaresch Rezepter duerstellen an ass am Kader vum Piece4Peace Projet organiséiert.

Em wat geet et? ReciPeace invitéiert Leit vun allen Hannergrënn an Alter fir Rezepter ofzeginn déi eng besonnesch Plaz an hirem Häerz hunn a mat deenen se perséinlech Geschichten oder Erënnerungen associéieren. Dës Geschichten a Rezepter ginn dann gesammelt an a Form vun engem Buch presentéiert.

Sot eis iwwer Äre Liiblingsgeriicht an deelt Är Geschicht !